Player FM - Internet Radio Done Right
Checked 2d ago
Lisätty nine vuotta sitten
Sisällön tarjoaa RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg. RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg tai sen podcast-alustan kumppani lataa ja toimittaa kaiken podcast-sisällön, mukaan lukien jaksot, grafiikat ja podcast-kuvaukset. Jos uskot jonkun käyttävän tekijänoikeudella suojattua teostasi ilman lupaasi, voit seurata tässä https://fi.player.fm/legal kuvattua prosessia.
Player FM - Podcast-sovellus
Siirry offline-tilaan Player FM avulla!
Siirry offline-tilaan Player FM avulla!
RTL - Carte Blanche
Merkitse kaikki (ei-)toistetut ...
Manage series 1277624
Sisällön tarjoaa RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg. RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg tai sen podcast-alustan kumppani lataa ja toimittaa kaiken podcast-sisällön, mukaan lukien jaksot, grafiikat ja podcast-kuvaukset. Jos uskot jonkun käyttävän tekijänoikeudella suojattua teostasi ilman lupaasi, voit seurata tässä https://fi.player.fm/legal kuvattua prosessia.
Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit
…
continue reading
100 jaksoa
Merkitse kaikki (ei-)toistetut ...
Manage series 1277624
Sisällön tarjoaa RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg. RTL Luxembourg and RTL Radio Lëtzebuerg tai sen podcast-alustan kumppani lataa ja toimittaa kaiken podcast-sisällön, mukaan lukien jaksot, grafiikat ja podcast-kuvaukset. Jos uskot jonkun käyttävän tekijänoikeudella suojattua teostasi ilman lupaasi, voit seurata tässä https://fi.player.fm/legal kuvattua prosessia.
Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit
…
continue reading
100 jaksoa
Kaikki jaksot
×An de leschte Wochen ass nees verstäerkt an der Ëffentlechkeet iwwer déi sougenannte Liwwerketten-Direktive geschwat ginn, besonnesch well d’EU-Kommissioun dësen Text nach eemol op de Leescht geholl huet fir en ze vereinfachen. An der Carte blanche vum René Winkin héiere mir elo dass et bei deem Text awer nach em wäit aus méi geet, wéi déi gewënschte Vereinfachung.…
A senger Carte Blanche stellt de Serge Tonnar fest, dass Identitéiten ëmmer méi do si fir sech vun aneren Identitéiten ze trennen, also fir d'Leit ze splécken. Dorënner leit de Kampf géint déi déifgräifend Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft.
E Witz… et sinn Idiote mat Spatzegehierer… si vermëttelen Haass an Dommheet. Dat seet den US-President Donald Trump iwwer d’Harvard University.
R
RTL - Carte Blanche

Zënter 1993 ass d’Kannerrechtskonventioun zu Lëtzebuerg a Kraaft.
Et ass wichteg, sech fir déi Plaz ze interesséieren, wou ee lieft – och beim Liesen, fënnt d’Schrëftstellerin Elise Schmit.
Pilgeren "héich zwee", heescht et dëst Joer zu Lëtzebuerg. Gemengt ass: d’Oktav an d’Hellegt Joer 2025. Iwwer d’Bedeitung vum Pilgeren, dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
R
RTL - Carte Blanche

D’Opreegung iwwert d’Importtaxen, déi d’amerikanesch Administratioun der Welt opzwéngt, deet leider vergiessen, datt déi aarm Länner vun esou Moossname besonnesch staark ze leiden hunn. Derbäi kënnt dann och, datt vill westlech Länner hir direkt Hëllefen deels staark zréckschrauwen. An dëser Carte blanche gëtt gesot, wéi wichteg an erfreelech et ass, datt an deem Kontext vu privater Säit ëmmer méi gehollef gëtt. An do kënne besonnesch Famillje Fondatiounen eng ganz grouss Roll spillen.…
R
RTL - Carte Blanche

1 Anja Di Bartolomeo: Am Äisree stoe gelooss: De Congé pour raisons familiales exceptionnel muss endlech ugepasst ginn!, 14/04/2025
Anja Di Bartolomeo, Autorin a Presidentin vun ALAN- Maladies Rares Luxembourg.
Ëmmer manner Leit kënne sech den Dram vun enger eegener Wunneng erfëllen. An déi, déi mengen, et gepackt ze hunn, kënnen op de leschte Meteren nach eng béis Iwwerraschung erliewen. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel.
R
RTL - Carte Blanche

1 Christiane Bram: Wat solle mer e Sonndeg ënnerhuelen? Looss mech dach meng Kënschtlech Intelligenz froen!, 09/04/2025 2:27
Virun nach net allze laanger Zéit, huet een duerch online Agendae gescrollt oder Pabeierbroschüre gebliedert, an da selwer säin Dag geplangt. Haut huet Kënschtlech Intelligenz op all Fro eng Äntwert. Dozou eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
D'Reform vun eisem Pensiounssystem ass eng wichteg Prioritéit vun der Regierung, well et geet drëms, de Generatiounsvertrag vun dësem System sozialgerecht a laangfristeg ofzesécheren. De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, erkläert a senger Carte Blanche, wéi wichteg et ass, elo ze handele fir ee finanzéierbaren an nohaltege Pensiounsregime fir Lëtzebuerg ze erhalen.…
Radikaliséierung ass e Prozess a Prozesser kann een ënnerbriechen. Carole Reckinger, Mataarbechterin bei respect.lu
D'Diddelenger Autobunn gëtt ausgebaut, mee net fir ALL Chauffer. De fréiere Bauteminister Robert Goebbels kritiséiert d'Decisioune vun der Transportministesch Yuriko Backes. Hei d'Carte Blanche vum LSAP-Politiker.
R
RTL - Carte Blanche

1 Gaston Ternes: De Bildungsbericht 2024 versus d'Bildungslandschaft haut: Theorie a Praxis!, 31/03/2025
D'Bildungslandschaft zu Lëtzebuerg huet an de leschte Jore bedeitend Verännerunge matgemaach. Mat der Aféierung vu Kompetenzzentren, ëffentlechen Europaschoulen an der Alphabetiséierung op Franséisch reagéiert de Bildungssystem op déi ëmmer méi grouss gesellschaftlech Diversitéit. An dëser Carte Blanche deelt de Gaston Ternes seng perséinlech Analys iwwer d'Konklusioune vum rezente Bildungsbericht.…
Wann een am Moment eng kritesch Carte blanche par rapport zu der Politik vun der Regierung am soziale Beräich wëll schreiwen, komme vill Sujet’en a Fro. De Choix ass leider relativ grouss, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
R
RTL - Carte Blanche

1 Vum Pascale Engel: Wëssenschaft ënner Drock. Wann Erfolleg méi wichteg gëtt wéi Qualitéit, 26/03/2025
Geréit d'Wëssenschaft ënner Drock? An dëser Carte Blanche reflektéiert d'Pascale Engel – Wëssenschaftlerin an Unisprofessorin - wéi d'Juegd no revolutionären Erkenntnesser zu feelerhaften Etüde féiere kann a firwat Replikatioun an der Fuerschung sou wichteg ass.
Déi lescht Wochen a Méint hunn et a sech gehat an der Weltpolitik. All Dag gesi mer eng nei Episode vun Ausernanersetzungen op der Weltbün. De Marc Hostert mat enger Carte Blanche, aus senger Siicht iwwer d‘Relatioun tëschent Europa an den USA.
R
RTL - Carte Blanche

An dëser Carte Blanche stellt d'Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender d'Fro no der Roll vun der Zivilgesellschaft a firwat et een Ënnerscheed mécht, wann d'Zivilgesellschaft beim Ausschaffe vu politesche Mesurë mat u Bord geholl geholl gëtt.
De Premier hat d’Parteie gefrot, Reformpropose fir d’Walrecht ze maachen an d’lescht Woch hu se an engem éischten Tour de Table an der Commission des Institutions hir Wonschlëschte virgestallt.
R
RTL - Carte Blanche

A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun der Akut ASBL, iwwer déi gesondheetlech Risiken, déi vun enger polluéierter Ëmwelt ausginn.
Spéitstens nom Intermezzo vun Trump a Vance géint den ukrainesche President misst et all Mënsch kloer sinn, dass Europa muss erweechen, mengt de François Bausch.
Haut, e puer Deeg nom 8. Mäerz, mécht d’Magali Paulus sech Gedanken iwwer d’Aktualitéit a wat mer draus léiere kënnen.
Nom Internationalen Dag vun de Frae widmet d’Jessica Lopes hir Carte Blanche deene Fraen, deenen hir Aarbecht oft onsiichtbar bleift an net richteg valoriséiert gëtt, obwuel si eng fundamental Roll an eiser Gesellschaft spillen.
De Marc Limpach mat enger Carte blanche iwwert d'Ugrëffer géint de Rechtsstaat an den USA.
R
RTL - Carte Blanche

A senger Carte Blanche beschreift de Paul Hammelmann an e puer Biller, zu wat déi rietsextrem Ideologie fäeg ass a wéi mir haut an Europa dozou stinn.
De Versuch, den Himmel op Äerden ze installéieren, huet ëmmer nëmmen d'Häll produzéiert, sou 1946 de Karl Popper. Wéi et ausgesäit, wann een déi Häll op en Neits well ufakelen, dat hu mer d'leschte Freideg am Oval Office zu Washington live gesinn. Wéi mierkt een, datt d'Vernonft, eise gesonde Mënscheverstand ufänkt, midd ze ginn? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.…
Wirtschaftlech geet et biergof an politesch steet Europa op emol zimmlech eleng do. Et gëllt sech mat den neie Realitéiten auserneen ze setzen an schnell déi richteg Weiche fir Zukunft ze stellen. Dozou eng Carte blanche vum Tom Wirion.
R
RTL - Carte Blanche

Eis Gesellschaft brauch an dësen turbulenten Zäiten d'Hëllef vu Fachleit, mat richteger Ethik, an den allgemengen Interessi am Bléckfeld: also onofhängeg Journalisten, Riichter, Affekoten, Architekten, Ingenieuren,... Vum Pierre Hurt, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils.
R
RTL - Carte Blanche

Eis Politiker intresséiert eng propper Stad ouni Heescherten, ouni Drogéierter an ouni Leit, déi keen Openthaltsrecht hunn.
R
RTL - Carte Blanche

D’lescht Woch hu wäit iwwer 300 Leit, dorënner och eng impressionnant Zuel vun Architekt*innen, am Tramsschapp um Lampertsbierg de Lëtzebuerger Volet vun der europäescher Petitioun "HouseEurope! Renovéierungen elo!" lancéiert.
Tervetuloa Player FM:n!
Player FM skannaa verkkoa löytääkseen korkealaatuisia podcasteja, joista voit nauttia juuri nyt. Se on paras podcast-sovellus ja toimii Androidilla, iPhonela, ja verkossa. Rekisteröidy sykronoidaksesi tilaukset laitteiden välillä.